16.12.2011 / LESERFORUM/ Zur Wiel vum neie Knoutermann
Robert Mehlen: Eng ofgemaachte Saach
Eng ofgemaachte Saach tëschend deenen zwou Regierungsparteien an duerfir „business as usual“. Well dat awer eng ganz wichteg Funktioun ass, am Interessi vun alle Leit, déi beim Ombudsmann dacks déi lescht Hoffnung gesinn fir mat hirem Uleies virunzekommen, hätt een sech erwaart, datt déi nei Besetzung vun dësem Posten méi Interessi am Public an domatt och méi Kandidaturen aus der Populatioun ervirgeruff hätt.
Leider hunn déi parteilech Postentesslereien esou eng oppe Course onméiglech gemaach. Nom Prinzip „Mir een, Dir een“ huet d’LSAP dee Posten zougesprach kritt, an d’Madame Err déi interesséiert war, konnt domatt sécher sinn, gewielt ze ginn. Mam Effet, datt an der LSAP ee Parteizaldot an d’Chamber noréckele kann. Mir hunn eis leider schon sou un dës politesch Selbstbedienungsmentalitéit gewinnt, datt déi meescht dat normal fannen, genee wéi bei der Besetzung vum Staatsrot.
Mee ass daat normal? Firwat sollen aner Leit sech mellen, wann si vu vir eran keng Chance hunn fir gewielt ze ginn, well d’Majoritéit an der Chamber sech eens gemaach huet? Wäer et nët méi richteg, wann dës Besetzung op Basis vun enger onparteilecher Auswiel géif virgeholl ginn. Wou jiddfereen, deen un dësem Posten interesséiert ass an déi néideg Qualifikatioun huet, eng réell Chance géif kréien? Wou d’Kandidaten sech op d’mannst an enger Auditioun kënnte virstellen an hir Virstellungen vun dëser Tâche an hirer Aarbecht kënnten duerleeën? A wou d’Deputéiert sech e Bild vun der Perséinlechkeet vun de Kandidate kënnte maachen. Wéivill méi glafwierdeg géif d’Politik do stoen, wann déi betreffend Ofstëmmung op wäer a jiddfereen no sénger Meenung stëmme géif?
Mee d’Parteien um Pouvoir si gewinnt, déi Händelcher ënner sech auszemaachen. Si liewen zu engem groussen Deel vun deem Personalkarussell un deem si selwer dréien. Datt d’Politik domatt all Crédibilitéit verspillt an d’Politikmiddegkeet beim Vollek ëmmer méi grouss gëtt, ass de Regierungsparteien egal, soulaang et hiren Interessen déngt. An dat ass kee gutt Zeechen fir eis Demokratie!
Roby Mehlen, ADR-President


