CPE est une société de crédit proposant des solutions sur mesure aux résidants luxembourgeois. Pour toutes vos questions ou simulations de crédit, vous pouvez nous contacter via le numéro gratuit 8002 5900

25.12.2011 / LESERFORUM/ Zur Schoulreform

"Et muss een einfach unerkennen dat di "Dialogbereetschaft" vun der Ministesch Delvaux-Stehres pure Populismus ass"

D'Schülere, d'Proffen an d'Eltere sinn gréisstendeels géint d'Schoulreform. Dat huet sech während puer Méint bemierkbar gemaach, sief et duerch d'Press, duerch perséinlech Gesprächer oder duerch Lieserbréiwer an Avisen. Biselo goufen et awer nemmen 2 Aktiounen déi vun enger grousser Präsenz gekennzechnet woren, de Meinden awer sinn nemmen 6 Leit komm, déi bewisen hunn, dat d'Schoulreform nach emmer vun enger zentraler Wichtegkeet ass.

Et muss een einfach unerkennen dat di "Dialogbereetschaft" vun der Ministesch Delvaux-Stehres pure Populismus ass an reng dorop ausgeet fir nemmen Zäit zu gewannen, resp. d'Schülere, wéi och d'Proffen, enner Kontroll zu halen. Tatsächlech verstoppt sech hannert dem "kontextlose" Begreff Dialogbereetschaft, eppes vill mei Schlemmes...

Jiderengem fällt op dat di Diskussiounen immens laang brauchen oder brauchen wäerten. Dat ass gewollt, well eng ganz Réih vun Schülere di den Ament an verschidde Schülervirstänn setzen, op enger 1ère oder op enger 13ème setzen, also am leschte Schouljoer nach dra sinn. Soubal si awer schaffen oder studéiere ginn, wäert d'Schoulreform emmer méi no hannen reckelen an d'Oppositioun zur Schoulreform gett geschwächt well keen Interessi méi do ass; schließlech sinn si jo net méi Schüler. D'Ministesch well op Zäit spillen fir d'Oppositioun steckweis zu miniméieren, eng Salamitaktik à la Delvaux, geléiert an der LSAP-Schoul!

Weiderhin well d'Ministesch hier Schoulreform (well vun kengem anere gewollt, ausser vun puer Opportunisten) duerchzéien. D'CSV an d'LSAP wäerten dese "Projet" ennerstetzen. '' D'Schoulreform kënnt !! '', esou de Jean-Claude Juncker, deen net vun enger Schoulreform schwätzt mä vun der Schoulreform, wann een dat stylistesch méi no betruecht, waat gläichbedeitend ass, dat Ännerungen net akzepteiert an net virgesi sinn.

Des Astellungen sinn eng Virraussetzung fir di limitéiert Diskussioune di geféiert kenne ginn, well d'Ministesch huet hieren politeschen Agenda an steet verschidde Proposen, ganz oppositionell geigeniwwer, wéi zum Beispill d'Remafeiere vum ale Punktesystem an der "Grondschoul" ehemoleg Primärschoul. Wou ass do di Dialogbereetschaft? Toleranz awer keng Akzeptanz oder wéi?

Sinn d'Schülernationalvirstänn sech all dest bewosst?

Bei enger Diskussioun oder engem Dialog well een KOMPROMESSER fannen, et muss een awer tescht gudd Kompromesser, wéi och FAUL KOMPROMESSER ennerscheeden.

Mir hunn virdrun awer festgestallt dat di Diskussiounen an enke Bunne verlafen, also keng aussenstoend Iddien zoulossen, d.h. et wäerten virun allem, wann iwwerhaapt faul Kompromesser bestoen.

D'Organisatoren vun der Protestaktioun "Protest GÉINT d'Schoulreform" Timon Müllenheim an Dany Sobral (ech) fuerderen enner annerem folgend Punkte:

- Vill mei frei ENGLESCH LEKTIOUNE, Englesch ass d'Weltsprooch an dohir misst Englesch méi fréi ennerricht ginn; international gesinn léieren d'Letzebuerger vill zu vill speid Englesch. (Och wann d'Letzebuerger vläit gutt sinn; et keint een sech awer nach emmer besseren!)

- Seriö LETZEBUERGESCH LEKTIOUNE, förderen enner annerem eng gelongen an vereinfachten Integratioun an eng Basis fir eng Kommunikatioun an der Gesellscahft (kruzial fir di sozial Kohäsioun)

- De Site Reformlycée.lu misst dräisproocheg sinn (eventuell och nach Englesch weinst den "international classes" di méi oder manner vun der Reform betraff keinte ginn/sinn). De Site ass leider nemmen op franzeisch, waat net wierklech zum "Dialog" ureegt an waat och net grad virbildlech ass fir den dräisprochegen Charakter vun Letzebuerg.

- D'Unzuel vun de Sektioune bäibehalen, GEINT d'Erofschrauwe vun der Sektiounenunzuel am Allgemengen, well et keng Spezialisatioun fördert. (Iwwerall ginn et di nämlecht, 4, Haaptfächer)

- Een Cours, wou een zum Beispill léiert wou een weieng Demande hischeckt, bei weiengem Ministär, wéi een een offizielle Bréif schréiwt asw, insbesonesch fir di äuslännesch Schüler, well d'Eltere, wann si Arbechter sinn, et aus zäitleche Grenn vläit net kennen, dofir muss also d'Schoul opkommen.

- Een Op-Äis-Leeen vun der Schoulreform, domadden di öffentlech Diskussioune nach méi ugereegt ginn, d`Leit hier Iddien an Meenungen nach besser zu Wuert kenne kommen lossen.

- Een Referendum bezüglech zur Schoulreform. D'Leit sollte selwer décidéiere kennen ob si d'Reform wellen oder net

- Een "demokratescht" an gemeinsamt Ausschaffen vun enger Reform, do wou et och néideg ass, et sollt awer net zu vill Onneideges reforméiert ginn.

Zu den Schülervirstänn well ech kuerz soen, dat si sech di ganz "Situatioun" am Kapp zergoe lossen sollten. D'Ministesch, wéi all Politiker, huet hier Taktik an déi gellt et zu duerchkucken. Vill méi sollt een agesinn dat d'Diskussiounen haiansdo näischt brengen an dat Ofwarden an desem Fall Zäitverloscht ass. Di uewengenannten Ausso vun eisem Premier bestätegt dat menger Meenung no. Et sollt een sech net zu vill vun der Ministesch an hierem Populismus beaflosse lossen, mä et sollt een konkret Fuerderungen, ouni jeglech Kompromesser, afuerderen an bessi Drock ausüben domadder een Iwwerhand vun der Diskussioun iwwerhellt. D'Ministesch spillt op Zäit an mecht dat nemmen aus engem Gronn: Fir remgewielt zu ginn. Alles dat sollte sech d’Membere vun Schülervirstänn verhalen. Ech wier jiddefalls frou wann d'Schülervirstänn nees eng open Hand an een oppent Ouer fir Net-Membere vun de Schülerkomiteen hätten an nees een positiven Aktivismus am Senn vun de Schüler.

Dany Sobral

IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS Zu diesem Thema UND zu jedem anderen

News

News Archiv