30.01.2012 / LESERFORUM/ Wann Dokteren fuddelen...
Die an den Guicheten an den Buroen vun der Krankenkees setzen, sollen mol en beschen schaffen
Also hei well ech mein Pefferkär och beileen. Am Privat Nr. 262 hun ech den Artikel gelies iwwert den Hautdokter aus der Staad. Ech muss soen, dass ech an meng Kanner och schon oft vun deem Dokter behandelt goufen, an ech muss soen, dass ech nie den Androck haat, schlecht behandelt ze gin, oder vun onprofessionnellem Personal betreit ze gin. Den Dokter selwer, muss ech soen, war emmer ganz frendlech an och ganz hellefsbereed. Dass hien villen Leit villeicht gehollef huet, well jo net all Mensch emmer kann bezuelen, daat fannen ech ganz einfach net dramatesch. Et treft jo keen Aarmen. Well wann eis Krankenkees esou aarm drun ass, dann soll sie ob aaneren Plaazen och kukken. Ech kann en Beispill gin.
Meng Mam liewt zenter 2 Joer an engem betreutes Wohnen, ech hun waehrend 1 Joer all Mount eng Rechnung kritt vun hierem Hausdokter, teschent 280 an 320 Euros, well hien all Woch eng Visite obgeschriwwen huet, awer hien ass villeicht all 6 Wochen bei hier laanscht gaang. Ech hun daat gemierkt, wei ech den Dokter changeiert hun. Elo huet sie fir 70 bis 100 Euro all Mount, well den Dokter nemmen 1 mol am Mount laanscht geet an dann nach just Rezepter ausschreiwt. An'?? daer leiw Employés de la caisse national de la santé?? Wat soot der dann elo?
An wann deen Dokter elo och nach soll Prison kreien..............wat geschitt dann mat deenen Dokteren die d'Leit falsch behandelen, die d'Leit falsch opereieren asw asw????Ech kann aech nemmen Eent soen. Vun all eisen Dokteren dei mir hei an eisem Land hun, ass mei wie d'halchent onprofessionnel an onmenschlech. Dat eenzegt wat sie interresseiert ass dass sie hier Täschen voller Suen hun an wann ech gudd gelies hun, ass dat jo net den Fall gewiecht fir deen Hautdokter. West dier weivill Plänten ech ob d'Krankenkees geschekt hun, well meng Elteren vun den Dokteren an an den Spiddeler schlecht an falsch behandelt goufen? Ech hun emmer eng Entwert kritt, mee et ass nie eppes geschitt an naischt geännert gin.
Wat sin mer dach eng traureg Gesellschaft.
Ech geif mengen, dass wann die Leit die an den Guicheten an an den Buroen vun der Krankenkees setzen, wann dei emol en beschen geifen schaffen, anstatt entweder den Telefon guer net ob zehiewen oder granzeg an onfrendlech ze sin mat den Leit, dann haet eis Kees och eng besser Gesondheet an ganz vill Dokteren keinten hieren Hutt huelen an an den Chômage setzen goen. Oder an den Prison.
M.P. (Name ist der Redaktion bekannt)
IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS zu diesem Thema UND zu jedem anderen


