04.02.2012 / LESERFORUM/ Typesch onzefriddenen Lëtzebuerger an auslännerfeindlech Kommentaren
Keen deen an Lëtzebuerg sech d'Méih mecht, Integratiounshëllef ze leeschten
Ech liesen heiansdo d'Seit vum Luxprivat mat mengem Kolleg mat an hun do eppes gelies wat mech wierklech rosen mecht: Alt erem esou een typeschen onzefriddenen Lëtzebuerger deen neicht besseres ze din huet wei auslännerfeindlech Kommentaren an den Internet ze setzen.
Kloer, dass oft Stroofdooten am zesummenhang mat engem "net-lëtzebuerger" bekanntgin, wou ech och net behaapten dass et net stemmt, mee dann stellt sech awer d'Fro wisou?
Meng Äntwert: Well jo hei keen an Lëtzebuerg sech d'Méih mecht, Integratiounshëllef ze leeschten, an öffentlechen Servicer, zumols am sozialen Bereich kënnen 90% vun den Aarbechter net emol Moien op portugiesech soen, woubai d'Grondkenntnisser vun dëser Sprooch vill géifen hëllefen, d'Leit besser ze verstoen an kennenzeleiren.
D'Leit sollen sech mol iwwerleen wei banal an beschränkt et as, Virurdeeler ze hun, an driwwer nodenken dass den 2.Weltkrieg eriwwer as. Géif haut een optauchen an deen selwechten Blödsinn verzaapen, geifen se hei am Land och hannendrunlaafen.
Iwwerleet alleguer emol en bessen mei weit wei just bis zur Hausdiir, an urtdeelt net eiert der enges besseres beléiert sidd.
Stéphanie W.
IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS zu diesem Thema UND zu jedem anderen


