16.01.2012 / LESERFORUM/ Statec: Eng Moyenne vun 4 687 € de Mount - Wie geet daat?
Ech geif mech freen och mol heiansdo en Mount ze hunn wou ech esou vill Geld zur Verfügung hätt.
Laut Statec:Stéit aus Letzebuerg gin an der Moyenne 4.687€ de Mount aus. Ech kann dei Rechnung einfach nett verstoen.Een Aarbechter oder eng Sekretärin verdingen just den Mindestloun oder awer vileicht epes klenges weider.Een Handwierker mat Diplom deen beim Privatpatron ugestallt ass huet och keng Pei vun 4000€.Souguer eis Gemengen-an Staatsbeamten an hirer Ufangskarrière leien emmer nach ener 3000€. Pensionären aus dem Privatsektor oder dei di hier Beruffskarrière bei der freierer Arbed waat haut Arcelor Mittal ass hunn nett dei ganz grouss Pensiounen.Wann mer elo nach all dei Arbeitslos an Chaumeuren derbei zielen kommen mer garanteiert net op en Akommes vun 4.687€ den Mount.Ech mengen ech hät de Gros vun der Letzebuerger Populatioun elo opgezielt.Doropshinn wier ech nawell ganz frou vun der Statec gewuer ze ginn wei eng Rechung si gemach hunn vir op deen Chiffer do ze kommen,oder ass et wierklech esou dass hei zu Letzebuerg verschidden Leit eng onmass vun Geld verdingen(pardon kreien).
Ech geif mech freen och mol heiansdo en Mount ze hunn wou ech esou vill Geld zur Verfügung hätt.
J.O. (Name ist der Redaktion bekannt)
IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS zu diesem Thema UND zu jedem anderen


