CPE est une société de crédit proposant des solutions sur mesure aux résidants luxembourgeois. Pour toutes vos questions ou simulations de crédit, vous pouvez nous contacter via le numéro gratuit 8002 5900

18.02.2012 / LESERFORUM/ Skandal im Bettemburger Gemeinderat

Ein Mandat, das nur 32 Tage dauerte und ein Maulkorb

Hier a eu lieu une réunion du Conseil Communal à Bettembourg dont je fais partie, réunion durant laquelle Monsieur Nick Clesen, ancien député et conseiller chez déi Greng a démissionné après seulement 32 jours séparant son assermentation (le 25 novembre 2011) et sa démission (le 27 décembre 2011). Jusque là rien d’anormal, si ce n’est la durée ridicule de son mandat. Ce qui n’a pas manqué de nous surprendre ce matin, est que le collège échevinal, en la personne de Monsieur Laurent ZEIMET, Madame Josée LORSCHE, Monsieur Gusty GRAAS, a catégoriquement refusé la prise de parole aux membres de l’opposition (LSAP), sous prétexte qu’il n’est pas coutume de prendre position lorsqu’un(e) conseiller(e) démissionne.

Il va de soi que ces pratiques ne sont pas dignes d’un pays démocratique, mais sont plutôt des pratiques de pays où la liberté d’expression est prohibée.

Je vous prie de bien vouloir trouver ci-attaché un document reprenant le discours qu’aurait dû être prononcé à ce sujet. Je vous saurais très reconnaissant si vous pouviez le publier dès que possible, de façon à condamner fortement ce type de pratiques.

Dr Fränz D'Onghia, Administrateur délégué - Docteur en Psychologie

Här Buergermeeschter, Dir Damen an Dir Hären,

“Ech war e Grengen, ech sin e Grengen an ech wäert ëmmer e Grengen bleiwen”. Mat dëse Wierder huet den Här Clesen kierzlech bei enger vu senge wéinegen Interventiounen op sech opmierksam gemaat.

An dat huet geklongen wéi aus dem Mond vun engem groussen, engagéierte, couragéierte, responsablen an ambitiéise grenge Politiker.

Mä mir haten eis geiert. Mir stungen, wéi vum Blëtz erschloën, wéi mer gelies hun datt de Nick Clesen, genau 32 Deeg no senger Vereedegung, ob säin Mandat am Gemengerot verzichte wéilt. Et war e kuerzen ambitiéisen Optrëtt !

An d’Ursaach derfir as méi wéi zweiwelhaft. Den Här Clesen hällt op well e plënnert. Dat as säi gudd Recht. Mä wéisou dann soll een e Mandat, wat ee vum Wieler kierzelch bei Gemengewahlen kritt huet, einfach esou ignoréiert a senger Wee goën ?

Souwäit ech informéiert sin, kann een och e politescht Mandat ausüben, och wann ee net méi an der Gemeng wunnt wou een dat Mandat vum Wieler kritt huet. Et muss ee jhust virum Dépôt vun der Candidature fir d’Gemengewahlen, wéinstens 6 Méint an där Gemeng résidéiert hun (cf. Art. 192 drëtte Punkt vun der loi électorale). Iwwregenz gin et och aaner Politiker déi nët an enger Gemeng wunnen wou se e Mandat hun, souguer hei am Gemengerot as dat de Fall.

Deemno kann ee sech d’Fro stellen ob do nët eppes anneschters derhannert stëcht :

- Kann et ieren sin datt den Här Clesen nët mat den Iddien vun dësem Schäfferot liewen kann ?

- As et vläit well an der Schäfferotserklärung de grenge Stempel feelt ?

- As et vläit well d’Ekologie an dëser Gemeng keen Thema méi as ? E wichtegen an kompetente Mann aus dem Service écologique huet viru kuerzem démissionnéiert. Gin et do méiglech Lienen tëscht där Demissioun an där vum Här Clesen ?

- As et vläit jhust eng Taktik vun deene Grengen gewierscht, fir e « gros callibre » oder wéi d’Fransousen och nach soën « un gros légume » mat op d’Gemengewahlen ze huelen, obwuel ee vu fir eran wees datt deen en eventuelle Mandat net unhuelen wäert ?

- Oder as et vläit well et Onstëmmegkeeten gin tëscht dem Här Clesen an der Präsidentin vun der lokaler Sektioun vun déi Greng Beetebuerg, der Madam Lorsché.

Egalwéi et as, mir wärten et ni gewuer gin, vläit as et och e bësschen vun Allem. Ob jiddefalls as et nët seriö.

Et as nët seriö mat der Meenung an der Virstellung vun de Leit, den Awuner, dem Wieler ze spillen. Dat as onfair, onmoralesch, onprofessionnel a verdengt eng kloër ROUT Kaart. Gemengewahlen si kee Spill an d’Wieler keng Spillsachen. De Wieler muss seriö geholl gin, well e brauch Vertrauen an d’Politik an an seng politesch Akteuren, besonneg an Zäiten wou et engem nët gudd geet, an Zäite vu Scholdekrise, an Zäite vun finanziellen Ofschnëtter, wou d’Politik schon alleng dowéinser un Glaubwürdegkeet verléiert.

Esou strategesch Aktiounen wéi déi vun déi Greng, well looss mer éierlech mateneen sin, den Här Clesen wousst och scho laang virun de Wahlen datt e géiff plennëren, déi Décisioun as sécherlech nët tëscht dem 25ten November 2011 (Datum vu senger Vereedegung) an dem 27ten Dezember 2011 (Datum vu senger Demissioun) getraff gin. Sou strategesch Aktiounen schueden dem Image vun eiser Gemeng an droën definitiv nët zu engem positivem Bild vun der Politik bäi.

An dëst as emsou méi deplorabel datt et vun enger Persoun initiéiert as déi mat de Stëmmen vun de Wieler lieft. Vergiesst nët Madame Lorsché datt är knaschteg Ennerwäsch mat de Suen vun deene Leit gewäsch gëtt, déi Iech gewielt hun. Vergiesst dat nët !

An mir sin als LSAP-Fraktioun där Meenung datt är Partei Madam Lorsché, sech ëffentlech fir de Manktum u Respekt vis-à-vis vun eisen Awuner, entschëllege sollt.

Zum Schluss e Wuert un d’Madam Kolb. Am Numm vun eiser Fraktioun, wënschen ech Iech vill vlott a produktiv Momenter an ärer Funktioun al Gemengeréitin. Dir wärd gesin datt dëse Gemengerot eng gudd Schoul as, bal grad esou eng gudd ewéi déi vu engem Psychologiestudium.

Dem Här Clesen géif ech och gäre Merci soën, ech wéist allerdengs nët firwat. Dofir wënschen ech ëm jhust bonne Chance an vill Courage a senge neie Projeten.

Merci fir är Opmierksamkeet.

Dr Fränz D’Onghia

IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS zu diesem Thema UND zu jedem anderen

News

News Archiv