18.01.2012 / LESERFORUM/ Sinn eis Finanze krank?
Keng Reserven, Präisserhéigungen, Krediter an d’Lescht ass nach mei laang
Zënter puer Joeren sinn eis Finanzen net mei op “Vordermann” bruecht ginn. No der Finanzkris huet sech wierklech net vill, bis guer näischt gedoen. Ët gëtt vu Spuere geschwaat, mä am Endeffekt ass näischt agespuert ginn, oder firwaat feelen nees eng Milliard Euro an der Keess?
“Spueren” soll net am “Dialog” gebräucht ginn, mä Spueren soll och am “Denken” an an der “Handlung” vun eiser Regierung festgehale ginn, doduerch dat Spueren awer an engem falsche Kontext ausgeschwaat a gebräucht gëtt, gewënnt dëse Begrëff eng néi Bedéitung.
Folgende Begrëff gëtt devaloriséiert, verléiert u Wäert u sech an entweckelt sech zu engem éidele Wuert.
Ee weidere, FATALE Feeler vun “eise Finanzexperten” ass d’Mëss-/Oninformatiounen iwwer déi lëtzebuergesch (Gold)Reserven. 1980 haat Lëtzebuerg, nom “World Gold Council”, 14,2 Millioune Tonne Gold, 1990 woren et nach 10,7 Millioune Tonne an 2000 sollten ët nach nëmmen 2,2 Tonne Gold sinn. D’Reserven hätten “nëmmen” een Wäert vun ongef. 90 Milliounen €. Kuerz gefroot, schwéier zu beäntwaten: “Wou sinn eis Reserven?”. Bis haut hunn, mir keng adäquat Äntwat vum Finanzminister Frieden kruut. Zumols haut, ass ët wichteg dat d’Bevölkerung opmanst wees weivill Reserve de lëtzebuerger Staat huet. Niewebäi sollt d’Press, soubal d’Informatioune fräigi sinn, och kuerz erwähnen a weienge Stied sech eis Reserve befannen.
Eng Scholdebrems wäert demnächst per Gesetz kommen, dozou huet sech de Staatsminister den 14.Dezember 2011 bekannt, awer d’Scholdebrems gëtt net an der Verfassung verankert (an der Schwäiz ass dat zum Beispill de Fall). Trotzdem huet eise Staat, an der Vergangenheet, lauter Krediter opgeholl an Lëtzebuerg bezillt nemmen d’Zënsen, spéider Generatiounen mussen d'Kapital zeréckbezuelen. Di kruzial Fro déi sech dann stellt:
“Wéi kann een eng Keier d’Kapital zereckbezuele wann an Zukunft ëmmer mei Sue verluer ginn an wann mir weineg bis guer keng Informatiounen iwwer eis Reserven hunn?”
Ët mierkt een jo wei séier sou munches laafe kann, knapps huet de Finanzsektor gehouscht, do gouf déi lëtzebuergesch Wirtschaft krank a soubal d’Wirtschaft krank ass, dann huet d’Bevölkerung “d’Gripp” am Portmonnaie agefang.
Dany Sobral
IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS zu diesem Thema UND zu jedem anderen


