CPE est une société de crédit proposant des solutions sur mesure aux résidants luxembourgeois. Pour toutes vos questions ou simulations de crédit, vous pouvez nous contacter via le numéro gratuit 8002 5900

19.11.2011 / LESERFORUM/ Raaten am Café

"Entsaat a schockeiert!"

Ech wollt Ierch mol matdeelen fun desolaten Zoustänn an eisen « Lëtzebuerger Café’en ». Des lescht wor ech wei sou oft mat mengen Frenn um Tour fir eng Partie Keelen ze spillen, mais daat waat mech do erwaard huet an engem Café am Minett, daat geet een net emol an den Timbugdu sichen.

Et huet schon domat ugefaangen wou mir nemmen bis Entrée’sdiir opgemaach hun, e Gestank ass ons entgeint koum, fun kaalem Damp bis hin zu Fritten, nujee mir hun eis naischt dobei geduercht an hun eis op dei aal holzen Bänken gesaat sou wei een se aus deenen richteg gudden aalen « Western » kennt.

No e puer Parti’en Keelen haaten mir es dunn einfach genuch, eng kleng Raat ass eis entgeint gelaaf komm (Foto ass en annexe) fun der Keelebunn Richtung Dill erop, mir woren einfach nemmen entsaat a schockeiert.

Den Wiert an Wiertsfra hun eis bericht, dass et eben Gang und Gebe wier dass dei kleng Déiercher geingen un Oberfläch kommen, schliesslech geingen se jo och kengem eppes maachen…wuel bemierkt daat soot d’Patronne eis. Voller Ensetzen hun mir dei Madame mol gefroot op sie dann bis dato nach nie driwwer nogeduercht huet « Raategëft » ze streen fir dass dei Déiercher einfach futti gin?

Madame souwuel och den Wiert hun eis ugegrinst an sech iwwert eis lëschteg gemaach, op mir dann Angscht hätten firun eisou klengen leiwen Déiercher sie geingen jo kengem eppes beises maachen an schliesslech hätten sie och normalerweis och emmer engem Client seng Kaatz dobannen, dei déi Déiercher geing verdreiwen.

Donierft ass dann awer ze bemierken dass do kleng Snacken sou wei och Spaghetti Bolognese an Steak de Cheval serveiert gin, opwuel dass am Cafe do weider gudd gefemmt geet. Laut Gesetz an mengen Informationen no, dierft während verschiddenen Stonnen net gefemmt gin wann do Iessen serveiert gett respektiv dei Zeit wou am Café giess gett

Et kann een sech just nach froen wéi déi Kichen muss ausgesin wann een bedenkt dass den Café zenter Enn 1970 netmei fresch gemaach gin ass, e Fall fir Santé ???

Och hei am Land gin et Normen dei viirgeschriwwen sin waat den Opbau fun enger adequater Kichen ubelaangt, mais et ass wei mat allem et gin iwweraal schwaarz Schoof … an dei an desem Café sin schon mei wei schwaarz.

Wann dir wellt dann scheckt emol en Reporter op d’Plaatz mais gidd dem eng Herr oder der Dame eng Sauerstoff Mask mat op den Wee.

Et kann een sech justement d’Froe stellen wei esou eppes kann fun onsen öffentlech Institutiounen que ce soit Ministère de la Santé oder d’Administration des Douanes & Accises oder Chambre de Commerce an och der Brauerei Bofferding kann tolléreiert gin

Mir 3 Pensionnairen verstin net dass sou eppes hei an eisem « GRAND-DUCHE « gedullt gett, a kann tolléreiert gin?

Mat beschten Gréiss aus dem Süden,

Pol, Fränz an Roger

SCHREIBEN AUCH SIE UNS WAS SIE DENKEN ODER ERLEBEN

News

News Archiv