CPE est une société de crédit proposant des solutions sur mesure aux résidants luxembourgeois. Pour toutes vos questions ou simulations de crédit, vous pouvez nous contacter via le numéro gratuit 8002 5900

07.02.2012 / LESERFORUM/ Neen zur Indexmanipulatioun!

“Je öfter sich ein Politiker widerspricht, desto größer ist er.”

Den Ottonormalbierger interesséiert sech fir den Index , d’CSV, d’LSAP an d’DP deenen interesséiert dat net, si hunn aner vill méi wichteg Themen zu behandeln, vgl. Fëmmgesetz. Während enger leschter Reunioun sinn 10% vun den Deputéierte vun den 3 Majoritéitspartéie dobäi gewierscht, vun der ADR, zum Beispill, woren ët der 50%. Ech hoffen awer ganz stark dat dëst net repräsentativ (CSV,LSAP an DP) fir d’Lëtzebuerger Bevölkerung ass, well soss kéint een den Index komplett ofschaffen.

Mä stelle mir eis mol d’Fro firwaat bräucht ee Land wéi Lëtzebuerg den Index. Den Index suergt dofir dat Gehälter un d’Evolutioun vun de Liewenskäschten ugepasst ginn (Stechwuert: Inflatioun). Wa Präisser vu verschidde Saachen, wéi vum Petrol, an d’Luucht ginn, solle d’Gehälter och ugepasst ginn. Verschidde Bestriewunge, déi de Petrol eraushuele wëlle, ginn ët der genuch, an der Partei“déi Gréng” fënnt een déi.

Jiddefalls, muss een der CSV, an zumols der LSAP, eppes virgehéien an zwar gesäit ët esou äus wéi wann dës Parteie keng sozial Parteie, mä nëmmen nach postsozial Parteie wiere, geprägt vun engem starke Populismus (Nicolas Schmit). Am Wahlprogramm vun der LSAP steet:
“Die LSAP tritt für die langfristige Absicherung des Index-Mechanismus und den Erhalt der Kaufkraft durch steuerpolitische Maßnahmen und Sozialtransfers ein.” Säit 8

“Gerechte Löhne, notwendige Indexanpassungen und Sozialtransfers müssen zusammen dafür sorgen, dass Arbeitnehmer ihren Lebensunterhalt würdevoll bestreiten können, ohne dabei Sozialhilfe in Anspruch nehmen zu müssen.” Säit 61

Ass dat de Wahlprogramm deen vun der LSAP applizéiert gëtt oder léist d’LSAP sech vun der CSV ënnerbotteren oder mecht ët der LSAP näischt äus nees Ligen zu verzielen an dann eng nächste Kéier doriwwer zu kräische wann de sougenannte “Wielerwëllen” mat Féiss getrëppelt gëtt? Mam Begrëff postsozial steet d’LSAP nach relativ gutt do.

Zur CSV: De Juncker, souwéi seng Parteikollegen Weber, Kaes an de Spautz (fir d’Prominenz z’ernimmen) sinn och Membere vun enger Gewerkschaft, ech mengen dat dierft net geheimnisvoll sinn. D’Regierung (och de Juncker) wollt dës Indexmanipulatioun an 6 Deputéierte hunn dogéint gestëmmt, während déi aner praktesch all dofir woren. Wat soll dat dann bedeiten?

De Juncker an d’Parteikollege Weber, Kaes an Spautz hu géint d’Interesse vun hierer Gewerkschaft verstouss a missten, de Statuten no, vun hierer Gewerkschaft ausgeschloss ginn. Falls et net geschéie sollt, halen ech eng néi Gewerkschaft fir net onméiglech! Folgende Zitat vum F.Dürrenmatt passt grad zu eisen wäerten CSV-LSAP-Politiker:

“Je öfter sich ein Politiker widerspricht, desto größer ist er.”

Dat ass méi wéi eng Keier beim Thema “Index” geschitt!

Dany Sobral

IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS zu diesem Thema UND zu jedem anderen

News

News Archiv