28.12.2011 / LESERFORUM/ Mat guddem Beispill virgoe!
D’Franzouse maache vill Saache vill besser wéi de “Lëtzebuerger”.
Dat de “Lëtzebuerger” net ëmmer sou zufridde ass mat sengem franzéische Noper ass gewosst. De “Lëtzebuerger” fennt de Sarkozy net immens sympathesch an klackt de Sarkozy an d’Madame Merkel als MERKOZY zesumme an dreckt domadden seng Antipathie fir beid Personagen aus.
Trotzdem, maache d’Franzouse vill Saache vill besser wéi de “Lëtzebuerger”.
Den 22.Dezember huet di franzéisch Nationalversammlung ee Gesetz zougestëmmt, wou kloer definéiert gëtt, dat d’Leugnung vum Völkermord un den Armenier mat (just am Maximalfall) 45.000€, resp. mat enger Prisongstroff, bestroft ka ginn. 85% vun de franzéische Parlamentarier hunn fir dëst Gesetz, parteiiwwergräifend, gestëmmt. De franzéische Senat muss awer nach zoustëmmen. (Ee klenge Rappel: Beim Völkermord un d’Armenier sinn 1.5 Millioune Armenier ëmkomm, net zu vergiessen dat d’Armenier kee sou grousst Vollek sinn.)
An dësem Fall, beweist Frankräich eng politesch, rechtsstaatlech a moralesch Virbildfunktioun fir di demokratesch Staaten. Frankräich huet een näischt virzugehaien, och wann di türkesch Regierung a Diplomatie äus enger Seejomes een Elephant mecht. Ët existéiere sou vill Fakte, déi een net “einfach sou” verstoppe kann an do hëlleft ët net wann ee säi Botschafter aus engem Staat zereckzitt. Den Erdogan reprochéiert dem Sarkozy “Haass géint Moslemen an Tierken”, woubäi dës Ausso eischter een “Ausweichmanöver” ass fir d’Diskussioun an enger anerer Richtung zu lenken. D’Kurden sinn jo och Moslems an ech kennen keng aner Natioun/keen anert Vollek, dat sou anti-kurdesch agestallt ass wéi d’Türken, weiderhin ginn ët natierlech verschidde Türken an der Tierkai selwer déi den Völermord vun den Armenier och unerkennen. Insgesamt ass di tierkesch Regierung mam Erdogan aus reng politesche Muëchtinteresse guer net dorun interesséiert. Den nationalisteschen Erdogan huet mat villen Aussoë fir international Opreegung gesuergt, déi een Haass géint Europäer an aneschtdenkend Leit propagéieren: “Assimiléierung ass ee Verbrieche géint d’Menschlechkeet” oder “Mir mussen di europäesch Kultur mat der tierkescher impfen” (kloert Indiz op Chauvinismus).
Dëst Verhalen ass ee Beweis, dat di türkesch Regierung net un enger Aussproch interesséiert ass. Historesch gesinn ass ët net nëmmen un engem Völkermord bliwen. Tëscht 1914-1923 koum ët zu grouss Verfolgunge vun Griechen an Klengasien, iwwer 353.000 Pontos-Griechen sollten dobäi ëm d’Liewe komm sinn, Aramäer bliwen net onverschount 500.000-750.000 sinn vun 1915 bis 1917 massakréiert ginn. 1934 koum ët zum Thrakien-Progrom, iwwer 15.000 Juden mussten hier Heemecht verlossen. 1938 sinn d’Kurden dunn un d’Réih komm (Kurden sinn gréisstendeels Moslems), di tierkesch Arméi ass am Ostdeel vun der Provënz Dersim amarschéiert an huet 100.000 Kurden einfach sou doud gemaach. Dersim gouf an “Tunceli” ëmbenannt (bis haut nach aktuell) an “Tunceli” heescht “eisern Hand”. Waat an Zypern, während der tierkescher Invasioun geschitt ass, soll een net lénks leie lossen. Vill Griechesch-Zyprioten sinn blesséiert, ermordt oder an Arbechtslager verschleewt ginn, wou si mat gréisster Wahrscheinlechkeet verstuewe sinn. D’Zyprioten aus dem Norden goufen verdriwen an duerch Festlandstierken ersaat. Zënter Joerzengte, maache verschidde Zyprioten d’Touristen dorop opmierksam hier verschleewt Familljememberë schon immens laang als vermësst gellen, leider treffen d’Zyprioten nëmmen op dauw Oueren.
Dat sinn alles Fakten an Tatsache di vun eisem “pro-europäeschen Erdogan” verschwiege gi. D’Franzousen haate mol de Mut ee grouße Schrëtt no vir zu maache, deen Lëtzebuerg, selbstverständlech och maache misst, mä mir hunn jo eise “Lieblingsausseminister” Jean Asselborn do sëtze, dee mat senger sproochlecher Gewandtheet impressionéiert an all Mount opmanst eng Kéier an iergendengem däitsche Medium “Retter der Palästinenser” spille muss. Den Titel: Trauerspiel im französischen Nationalparlament vun der däitsch-tierkescher Intersäit turkishpress.de ass fir mech een „Trauerspiel“ an ët kann ee just hoffe dat d’Majoritéit vun der Tierken soueppes net toleréiert an och net akzeptéiert. Ech perséinlech hoffen dat d’Tierkai, grad duerch d’Ignoranz vun hierer Regierung, net Member vun der EU gëtt!
Falls ët awer souwäit komme wäert, wäert den Asselborn vum “Retter der Palästinenser” zum “Retter der Türken” opsteige. Mä de “Lëtzebuerger” wäert dat awer natierlech matfeieren.
Dany Sobral
IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS Zu diesem Thema UND zu jedem anderen


