17.11.2011 / LESERFORUM/ Heich Wellen zou Peiteng
Et sin zum eischten emol Menschen ewei's Du an ech!
Am ament schloen d'Wellen hei zu Peiteng jo relativ heich well mer jo elo och Asylanten aus engem Balkan Staat op Peiteng kreien an dat jo no bei der Schoul,Ech wunnen 300-400 m vun dennen Container ewech hunn och 2 Kanner en plus versuergt( meng Fra ) och Kanner iwert den Cheque Service.
Den eischten n'ablakk wor ech och erschreckt ewei ech heieren hun dass do sollen Asylanten an de Container kommen, an hun mer meng Gedanke gemach, ma dun hun ech et emol vun der annerer Säit gekuckt,
Dei 70 Leit dovunner 21 Kanner dei elo dohin Wunnen kommen sin zum eischten emol Menschen ewei's Du an ech,an Sie sin Mamma A Pappa eweis Du an Ech, an machen genau dat wat MIR och geifen man...... nom Wuel vun onse Kanner kucken.
Sie hun eng schlemm Zäit hannert sech- Krich- Verdreiwung- Hab a Gudd a Familljenmembren verluer- Verfolegt gin asw.asw. Se hun elo missen an Zelter Wunnen wat bei guddem Wieder jo "an und für sich" net" all" zeschlemm ass an awer, ma elo ewou mir Minus Temparaturen hun ass dat net mei zeveräntwerten a schons guer net mat Kanner. Mir ginn Owes an eng gudd schnucklech Waarm Kummer, doen ons aus, a leen ons an e gudd warmt Bett....... asw.asw.
Hun dée Leit a Kanner net och dat Recht?
Ech ka mir net virstellen bei Minus 4-6 Grad an engem Zelt zeschlofen ewou an der Nuecht Fiichtegkeet vun allen Säite kënnt a mueres hallef erfruer opzestoenn an dest schons guer net fier meng Kanner.
Ech verstinn bedenken ganz gudd vun all den Eltren well een emmer nemmen dat Schlecht heiert vun den Asylanten, ma Leiw Leit, Leiw Peitenger, Se sin net all Schlecht, et get och schlecht Letzebuerger oder Auslänner dei HEI Wunnen, ech mengen hei hun mer Eltren dei esou ewei mir, just dat bescht wellen fir hier Kanner an sech selwer, oder huet Dir eppes heieren wun der Zäit ewou sie elo um Camping "Gewunnt " hun?
Et ass eng Secherheet do fir ons an och fir Sie et sin kloer Regelen un de Sie sech mussen halen an mir och, also losst ons NET des Leit, des Famillen schons verdammen ier se emol hei sin, losse mer desen Eltren och d'Chance gin das hier Kanner an Secherheet a Gesond keene Grouss gin.
Et get keng schlecht Menschen, si gin Schlecht gemach.......
Oder Ewei steht et schons an der Bibel geschriwen: "Wer Wind sät wird Sturm Ernten."
Vergiesst wgl. net et sin och just Eltren dei dat Bescht fier hier Kanner wellen an Sie man just dat wat mir fir ons Kanner och geife man.
Nemmen zesummen a mateneen sie mer staark!
Merci fir ärt Verstessdemech
Peters André. Peiteng


