CPE est une société de crédit proposant des solutions sur mesure aux résidants luxembourgeois. Pour toutes vos questions ou simulations de crédit, vous pouvez nous contacter via le numéro gratuit 8002 5900

13.12.2011 / LESERFORUM/ Eise soziale System

Waat ass daat fir e Staat?

Ech hunn den 10 Januar 2011 meng Aarbecht verluer, an sinn den 16 März 2011 aus menger Wunneng eraus gehait ginn. Eng Wunneng vunn 1100.-€ di een net aleng ka bezuelen. Eng Wunneng di ech matt menger demoleger Fra gelount hat. Datt meng Fra mer fortgelaaf ass, versteht sech jo dann heimat, ann ass eng aaner traureg Geschicht. Ech haat demols 1600.-€ netto minus 1100.- minus mein Auto 350.- minus Chargen, Assurance, Telefon etc……. Do bleiwt net mi vill fir ze Liewen.

Meng Miwwelen a Privatsaachen, ewei meng Kleeder, an esou weider sinn zu Calmus (Gemeng Saeul) an en Hangar gestallt ginn. Ann do kennen se jo lues a lues dohi faulen. Fir se eraus ze kreien, kascht et mech och nach 4000.-€. Daat steet jo esou am Gesetz. Ech wess emol net op se iwerhaapt nach am Hangar stinn oder net schons d‘hallschent dovunn geklaut ginn ass. Beim Familjeministère soen se ma, wann ech eng aaner Wunneng hett, gierfen se mer “Vielleicht” ennert d’Erm greifen. Nujee der Vielleichter hunn ech dees lescht schon esou vill heieren.

Am Moment nach emmer am Chômage, ouni Schaff, keng drei Payziedelen, esou wei och keng zwee-drei Meint Loyer als Garantie, ass et mer net meigelech, eng aaner Wunneng ze fannen. Main Alter matt 55 Joer helleft do och net mi vill.

Ech hu mech also fir eng Hellef direkt unn Sozialamt ze Redange/Attert gemellt, well dei zoustenneg sinn fir Gemeng Saeul. Do sutz eng Madame, di huet nemmen zu mer gesoot, well ech deemols a mengem Camping Car “gehaust“ hunn, ech wir illegal ann ech hett jo och keng Adresse mei. Ech sinn dunn gewuer ginn dass d‘Gemeng mech schons den 18 Februar “rayé d‘office” gemach hett. (Komesch mee wuer) Mei huet si net gesoot. Op meng Fro waat een dann do kinnt maan, huet si mer eng aal Lescht vunn Zemmeren iwwert de Caféen ann de Grapp gedreckt ann huet gemengt “DA sicht Iech eppes.“ Wei ech di Telefonsnummeren gesinn hunn, si mir d’Aaen baal aus dem Kapp gefall. Handynummeren di matt 021 oder 091, u gefaang hunn, am Plaatz matt 621 oder 691. Wi ech se du gefroot hunn op si mech “Verarschen” willt, huet si mer gerooden ech misst an e Foyer. De Foyer Ulysse fir di Obdachlos ze Bouneweeg. Ech sin dorops hinn, dohinn kucke gang. (Gutt domm wi ech sinn)

A gleeft mer, wi ech dei Zoustenn do gesinn hunn sinn ech do eraus gelaaf. Ech haat baal gekatzt.

Et deet mer Leed, jidderengem seint, mee teschend Drogeierter, Alkoholiker, psyschech krank ann onhygienesch, stenkech Leit kann ech net liewen. Ann engem Bett ze schloffen, wou geschter matt Secherheet, nach en ongeweschenen Liewerkranken lung…. NEE MERCI. Ech free’e mech de Moment nach bei beschter Gesondheet, di ech mer do net well futti maan.

Gitt eng keier kucken, wann der Iech geheierlech Schuddere welt.

Ech sinn a mengem Camping car wunne bliwen. Meng bescht bekannten Assistante lung mer emmer ann den Oueren, Ech wer illegal, ech misst mech irjendwou umellen well ech soss nach an de Prisong keim. Bis den Daag, wou eis Cowboyen (op letzeboyesch Police Grand Ducale genannt) mer meng Wunnung op Rieder beschlagnahmt hunn. Du sinn ech ann d’Auberge de Jeunesse op Echternach gang. Mee daat ass och ze deier ginn, zevill deier, 38.-€ den Daag, daat war zevill fir mech matt mengem Chômage.

E Kolleech huet mech fir drei Meint opgeholl, an ech hunn um Canapé geschloof. Mee och do konnt ech net bleiwen, waat jo och ze verstoen war. Metlerweil huet mer e aaneren Kolleech mer sein Aalen Camping Car ze Verfügung gestallt, fir datt ech weinstens en Daach iwerm Kapp hunn. Keng Heizung, kee warmt Waasser, ke Stroum, mee drechen an bei mir. Ech hoffen datt dese Wanter net zevill kaal gett, dann hunn ech kee Problem domatt.

Ech war am Kontakt matt enger ganz leiwer Assistante sociale di mech aawer nemme konnt iwer Telefon orienteieren. Di eenzech kompetent Persoun bis elo, di am Soziale schafft. Sie huet mer emmer Rootschlei ginn a mer Mut gemach weider ze machen, net opzeginn, ann datt et och nach erem besser Zaiten gierfe ginn. Nu je matt dene besseren Zaiten haat si vielleicht e besselchen zevill wait gegraff, mee wi gesoot, di eenzech Persoun di mech moralesch enerstetzt huet. Sii ass awer elo net mei do, sii ass versaat ginn. Di gudd Leit gi ewei emer schnell versaat ann loosen e grousst Lach hannert sech. Ech wir wahrscheinlech schon 20 mol d’Nei, di Aal oder di rout Breck erof gesprong, wann sii mech net emer erem opgepeppelt hett.

Ech hunn dreimol en dossier bei den Ministère du Logement era gescheckt, fir eng Wunneng ze kreien. Et huet emer eppes aaneschters gefeelt fir e kompletten Dossier ze hunn. Ech sinn bei Caritas gaang, bei Streetwork. Ech kruut emer di selwecht Ennfert. Dir sidd op enger falscher Adresse ugemellt also musst der waarden, oder sicht selwer eppes.

Waarden op waat??? Sichen woumatt???

Eng Bank iwerfaalen wer eng Leisung, mee metlerweil hunn dei och kee Geld mei oder jidderfalls net mi su vill.

Bon, metlerweil haat ech eng gutt Afekotin di mier mein Campingcar erem bruecht huet, esou ewei mei Liewenskonfort einjermoossen erem bruecht huet. Elo hunn ech endlech Heizung, warm Wasser, Stroum, eng warm Dusch, ann ech schlofen a mengem Bett. Ech ka mer selwer kachen, ann kann esouguer, d’Norichten op der Télé kucken. Merci Maître.

Et gierf een baal mengen datt d’Gericht mei “Versteeste mech” bewisen hett ewei dei Sozial Struktur ann desem Land.

Et huet nii e mech orienteiert, ni mer gesoot waat, wou a wei ech et muss machen fir meng Rechter ze kreien. Och nach wi ech a menger Wunneng gelieft hunn, ewei zB. Heizungsgeld, deiert Liewen etc…. hett mer vielleicht geholef fir meng schweier Zait ze iwwerbrecken. Nee ech sinn doremmer gehait ginn wei e Sack deen jo dach domm ass ewei Strei ann naischt zegutt huet. Net jedderen ass iwert de soziale System esou gutt informeiert ewei d’Auslenner oder d’ Asylanten. Dei hu secherlech eng Studie gemach eier see hei hi komm sinn fir de Staat ze schruppen.

Waat ass daat fir e Staat, wou de soziale System esou grouss geschriwen gett, wou et meigelech ass, datt d’Kaatz sech andauernd an hiren eegenen Schwanz beisst. Et get keen Auswee an dem Kreis wou een iwerall higescheckt gett an neischt ereecht. Och Viichten, oder aaner Instanzen konnte mer net hellefen. Sew et datt assistante sociale net genuch informeiert sinn, oder sii een net welen ennerstetzen, ewei déi, di mer ann allem wuertwiertlech gesoot huet, sii gierf a menger Saach keen favorabelen Avis ofginn. Oder datt ganz einfach beim Ministère de Logement, eiweg di lescht zeng Sou fehlen, fir den Euro voll ze maan, sprech mein dossier eng keier durch gekuckt get.

Eierlech gesoot ech weess net mi weider. Ech froen mech waat eist Jacobs am Kapp huet ann watt fir een Kaffii sii do zesummen braut. Esou kann eise soziale System roueg d’Bach a goen, well dann daachten net vill.

Zumools wann ech da gesinn ewei eng Koppel de Sozialsystem ofschruppt. Eng Koppel di net zesummen bestued ass, me zenter Joeren zesummen wunnen. Eng dek Ierfschaft gemach hunn vunn engem Haus. Et ass keng Villa, dofir bauen se jo elo an Deitschland e richtecht Haus. Hien geet op Gemeng schaffen, Sii huet hiere Commerce am Garage installeiert, Minimum 6 Klienten pro Daag, ass daat net e scheine Mountsgehalt??!! Ann da kreien se och nach 1500.-€ RMG zougestach, matt zwee Kanner, wou dee Groussen schon lengst kinnt schaffe goen. (...)

Daat ass d’Wouerecht esou wei se hei am Staat existeiert, ann ech bezweifele staark, datt daat di enzech Koppel ass di de Staat op dess Maneier ofschrubbt ann esou gutt liewen kann.

Waat dengt eis eng Caritas, eng sozial Struktur ann de “Gemeenen“, wann kee Bescheed weess, ewei een en Obdachlosen soll guideieren. Well ech sinn dach en Obdachlosen oder net???

Well wann ech en Asylant wer, hett ech di Problemer do bestemt net. Dei kreien Wunnengen a Geld jo nach ann den Aa…. gestach, Schaffe neischt, laafen a Kostumer, matt lacke Schong duerch Geigend, hunn en Handy am Grapp a freen sech all Mount op staatlech Gelder.

Letzeboyeschen Sozialsystem emol eng keier vunn der richteger Sait beliicht. Bravo……

“Operation gelungen, Patient tot“. Grousse Blah Blah, klenge Senn.

Claude (Name ist der Redaktion bekannt)

IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS Zu diesem Thema UND zu jedem anderen

News

News Archiv