30.11.2011 / LESERFORUM/ Dreckstippen bei Wooltz
Eng Zäit sén zu Wooltz ganz vill Fraën u Kriibs gestorwen, an d'Fro stellt dech: Firwaat???
Viir e bessi bei der Polemik von den Dreckstippen ze bleiwen: Zu Wooltz gouf bis an déi 70er Joëren von der Euroflor PVC an d'Huuscht op den Tipp gefouert an do hott et all neemes gebrannt. Hogd steet e Schéiss Stand op daer Bomm an ech froë mech waat fir eng Sauerei do an deem riesen Koup läit.
Ongeféier 7 Kilometer méi wäit a Richtung Kautebaach ass de Successeur vom Tipp an der Houscht an do hott d'Circuit Foil (elo Arcelor Mittal) bis Ugank de 90er Joëren permanent bloën a wahrscheinlich héichgëftigen Schlamm entsoorgt an domatt déi Baach, déi ënnen dalaanst leeft, héichgradig vergëft.
Desweideren ass +/- 2 Kilometer méi wäit an enger Steekaul an der Keerel een Autostipp geweest, an do stellt sech d'Fro, waat fir eng Sauerei do am Bodem läit.
Dës ganz Geschichten sén von de Weltzer Politiker ganz einfach toleréiert gin; op d'Kästen von der Gesondheet von de Legd.
PS: Eng Zäit sén zu Wooltz ganz vill Fraën u Kriibs gestorwen, an d'Fro stellt dech: Firwaat???
Een, deen daat do Alles matterleewt hott. (Name der Redaktion bekannt)
SCHREIBEN AUCH SIE UNS IHRE MEINUNG ZU ALLEN MÖGLICHEN THEMEN


