16.11.2011 / LESERFORUM/ Demokratiedefizit: Ëmmer méi opfälleg?
Firwat ginn grad Mario Monti a Lucas Papademos aberuff?
Mat dësem Bäitrag well ech opmanst versichen, verschidde Leit en Denkustouss zu verpassen, wat an Italien a Griichenland virgeet. De Berlusconi wéi och de Papandreou hunn viru kuerzem demissionéiert. Elo ginn Iwwergangsregierungen op d’Been gestallt. An all Keiers sinn do Leit involveiert dei heich Positiounen an der EU haten (Mario Monti = Ex-Member vun der EU-Komissioun a PARTEILOS a Lucas Papademos = Ex-Vizepräsident vun der EUZBank an och PARTEILOS).
Di éischt Fro déi een sech als Demokrat stelle misst wier:
Firwat gi keng Neiwahlen gemaach?
An di 2. wier:
Firwat ginn grad Mario Monti a Lucas Papademos an di italienesch, resp. di griichesch Iwwergangsregierung aberuff?
Alle Béid sinn weder iwwer eng Partei nach iwwer eng Lescht an hier national Parlamenter gewielt ginn! Alle Béid sinn duerch Zoufall op eng Kéier aberuff ginn an dest misst menger Meenung no op Empörung an Italien a Griichenland suergen. Kritik vun der ital. an gri. Bevëlkerung souwei vun den aneren EU-Staaten wier opmanst een normaalt Verhalen, souguer DRÉNGEND NÉIDEG!
Weiderhin stellt sech d’Fro, fir wéi laang wäerten di Iwwergangsregierunge „stoen“? Well eng Äntwert wéi zum Beispill: „Soulaang bis dat si d’Kris bekämpft hunn“, ass fir mech vill zu vill vague an onpräzis. Eng Iwwergangsregierung kann eng zimlech experimentell a souguer geféierlech Geschicht ginn, di perfekt Reaktioun zur Kris ass et och net.
Dofir fuerden ech als Demokrat, dat an Italien wéi och a Griichenland, Neiwahlen organiséiert musse ginn!
Dany Sobral


