13.11.2011 / LESERFORUM/ Daïschter Zaïten

Et geet ëm d’Finanzen, ëm d’Suen

Während di meeschte Leit sech Gedanken iwwer de Wielerwëllen maachen, meng Altersgenosse léiwer raus ginn, denken ech un meng Zukunft, di menger Meenung no schlecht ausgesi wäert, soulaang sech näischt ännere wäert. Et geet ëm d’Finanzen, ëm d’Suen.

De Griichesche Staat krut seng Scholde vun ong.300 Milliarde € halbéiert, heescht de Griichesche Staat huet nach ong.150 Milliarde € zu bezuelen. D’Bedeelegung un de Rettungspak oder –prabelli bleift awer onverännert. An der Chamber gouf fir d’Lescht iwwer eng Bedeelegung mat 2 Milliarde € ofgestëmmt an CSVLSAPDPdéiGréngdéiLénk hunn zougestëmmt. Pro Kapp also 4000€, domadd huet Letzebuerg een traurege Rekord erreecht an dat trotz engem Budgetsdefizit!

Wann ee Griichenland vun den 80er Joeren bis haut, genee ennert d’Lupp hellt, muss een sech am Kloeren doriwwer sinn dat de Griichesche Staat all Kéiers ee Kredit nom anere geholl huet an dat d’Ineffizienz vun der Verwaltung an der fonction publique ignoréiert goufen. Korruptioun a Vetternwirtschaft woren a sinn ganz kloer präsent. Interessant ass dobäi zu erwähnen dat di Griichesch Sozialistesch Partei, momentan ënnert dem Giorgos Andrea Papandreou, och fréier eng wichteg Roll gespillt huet, wann net souguer DIREKT fir des Kris verantwortlech wor. Dat heescht d’Problemer an Griichenland wore schon virun 20,30 Joer bekannt, nëmme kee wollt se an Ugrëff huelen! Di Kris ass vergläichbar mat enger “Zäitbomm” déi virun kuerzem geplatzt ass, mä d’”Zäitbomm” gouf schon virun 20,30 Joer geluecht. An wann ech elo och nach liesen dat d’Griiche manner Steiere musse bezuelen, da stellen ech mir zwar Froen...

Dat ass nach net alles! D’Verzocke vu menger, d.h. menger Generatioun hirer Zukunft geet weider! D’Bildungschaos gëtt ëmmer méi däitlech wann ee gesäit dat de Jugendchômage, alleng nëmmen zu Esch, bei 20% leit. Ass dat nach normal? D’Ofschafen vun de Sektiounen a vum Punktesystem bréngen nach méi Instabilitéit am Schoulsystem, et kuckt een nom schwaache Schüler, de gudde Schüler kann Daimercher dréien. Wei soen d’Franzousen: ”Mieux vaut une tête bien faite qu'une tête bien pleine”, d’CSV-LSAP soen:” Leiwer vill Wischiwaschi am Kapp, wéi Wëssen.” D’Konsequenz dovun ass dat den Niveau ëmmer nees erofgeschrauft gëtt, keng positiv Motivatioun méi herrscht an all dest sech als Gëft vermëscht. Dëse Gëft befällt di jonk Matbierger an d’Aarbechtsplaz schéngt onerreechbar.

D’Rentereserven fänke esou lues un eidel zu ginn. Vun 1993 bis haut, goufe schon iwwer 750 Millioune € aus de Reserve vun der Pensiounskees fir aner Saachen ausginn, wei fir d’Pensiounen. Eppes wat sech no 50 Joere vläit bemierkbar maachen wäert. Obwuel d’Renten fir di eeler Matbierger, wei och fir di aktuell 30-50-jähreg Leit nach séchergestallt sinn, wäert ech mir d’Fro stelle mussen: “Kréien ech jeemools eng Rent/Pensioun?” Wann net da sinn ech gutt ugeschmiert a ka vläit mat 95 Joer op menger Aarbechtsplaz stierwen oder wann jo da wäert nach mat 70 oder 80 Joer schaffen goen. Parallel dozou hunn mir ee Phänomen vun der Vergreisung vun der Gesellschaft, d.h. d’Leit ginn ëmmer méi al an ech weess jo net wéi al meng Generatioun an Zukunft wäert ginn. An wann den aktuelle System bäibehale gëtt, bis am Joer 2050, da missten 1,5 Millioune Leit an d’Pensiounskees abezuelen, sou de Robert Kieffer (CNAP).

An bedenke mir mol, mir hunn jo keng aner Problemer wéi de Foussballstadion, mir hunn jo keng aner Problemer wéi den Tram an mir hunn jo keng aner Problemer wéi d’erneierbar Energien...

Alles an allem, lafen d’Suen fort entweder an di grouss Täsche vun deene Decken oder an e “schwaarzt Lach” woubäi kee mol weess wou d’Suen erauskommen, ech verweisen op Griichenland an op de Pei-Musée. D’Ofkierzung CSV misst neidefinieiert ginn a Chaos a Sue Verbëtzen an d’LSAP huet de Status Aarbechter- a Sozialpartei komplett verluer. Ganz éierlech, d’Aktioun R.I.P.Demokratie mécht d’LSAP just nach méi lächerlech wei se schon ass! Demokratie an Nohaltegkeet ginn zu eidele Begrëffer. Sou flott gesäit d’Zukunft aus! Di aktuell Regierung souwéi déi aner och, ginn aus a verréckelen a meng Generatioun ka kucken dat se alles bezuele kann an mir kreien NÄISCHT HALBÉIERT. Villmools merci CSV- LSAP Koalitioun a villmols merci EU!

Dany Sobral

News

News Archiv

CPE est une société de crédit proposant des solutions sur mesure aux résidants luxembourgeois. Pour toutes vos questions ou simulations de crédit, vous pouvez nous contacter via le numéro gratuit 8002 5900