23.01.2012 / LESERFORUM/ Brutale Polizeihond an säi Meeschter
"Maacht elo keen Drama hei, ech sinn Polizist"
E gemitterlech Sonndesspazeiergang mam Mupp duerch de Bësch vun Hamm gouf zum liewensgeféierlechen Event. Den Täter dës Kéier e Polizist deen säin Polizeihond frei an offensichtlech onkontrolléiert nieft enger ongeschützter Zuchstreck lafe léist. Aus entgéintgesater Richtung um Circuit Autopedestre koum mat den zwee Muppen Judy a Bonnie d’Nadine an de Robert de Bierg erop wéi se ouni Virwarnung vun engem groussen schwaarzen Hond mat voller Wucht iwwerfall goufen. De schwaarzen Hond huet net vun deem vun Schmerzen an Angscht kräischend Judy lass gelooss an et um Hals hin an hir gerappt. Obwuel de Robert direkt mat haardem Jaitzen versicht huet de schwaarzen Hond vum Judy z’entfernen huet dësen et nach fäerdeg bruecht säin Opfer an de Bauch ze bäissen iert en dunn endlech lass gelooss huet an fort gelaf ass. Well de Besëtzer vum Hond net ze gesin war, an och keen sech bemierkbar gemeet huet, ass de Robert léiwer mol dem Hond nogelaf fir sécher ze goen dass en net emdreit an nach eng Attack versicht. Uewen um Bierg ukommt, an mat zolittem Ofstand zum schnellen Hond, gesäit hien dunn eng Persoun di zwee Hënn un d’Lenkt hëlt an fort leeft. Nodeems de Robert, natierlech no Loft schnapend vun der Course, haart jaizt „Stop“ bleift de flüchtegen Hondsbësetzer och stoen. Schnell stell sech eraus dass dësen schonn ahnt ëm wat et geet an freet „Ass ärem Hond eppes geschitt?“ Well de Robert direkt dem Hond nogelaf ass an d’Nadine bei den zwee Hënn zeréck bliwwen ass fir se ze vertréischten, konnt hien dorop keng Äntwert ginn. Wat de Robert awer wollt wëssen, dat war wiem deem aggressiven Hond giff gehéieren an wisou en och nach frei leeft. Dorops seet den Meeschter vum schwaarzen Hond, dass dësen en Polizeihond wier an frei dierft lafen an wann säin Hond e Schued sollt gemeet hunn bei dësem Accident dann soll een sech bei der Police mellen, di eng Assurance fir sou Fäll hätten. Ob d'Fro hin, ob hien dat normal fënnt op engem Spadséierwee en aggressiven Hond onkontrolléiert lafen ze loossen huet de Polizist ëmmer nees insistéiert „Maacht elo keen Drama hei, ech sinn Polizist an ausserhalb vun der Agglomeratioun dierf een en Hond frei lafen loossen an e Polizeihond souwisou ëmmer“. Op d’Fro, op hien sech bewosst ass dass säin Hond bäisst, koum d'äntwert "Waat mécht e Polizeihond, e bäisst. Wann ären Hond gebass gouf, kucke mer dat elo direkt an dann mellt der iech bei der Police an d’Assurance bezilt.“
Mëttlerweil ass d’Nadine mat den zwee Hënn och nokomm an de Polizist versicht, trotz Warnung vum Nadine an Robert dass den Hond Angscht hätt, dësen op Bëssspueren z’ënnersichen. Den Polizist mécht dunn säin zweeten Hond nees vun der Lenkt lass, obwuel de Robert direkt freet dat z’ënnerloossen. Nom Kommentar, „E mécht näischt“ sprengt dësen dunn och direkt un d'Nadine an reagéiert net op d'Befehler vun sengem Meeschter. Wengstens ass dësen Hond just ondisziplinéiert an net aggressiv wéi den aneren soudass den Polizist en nees un d'Léngt hëlt wéi en en nees ze packe krut. Onkloerheet bleift allerdéngs ëmmer nach iwwer d’Identitéit vum Polizist, den net genee seet wien hie ass bzw wou hien unzetreffen ass. En widerhëllt just emmer nees dass en am Recht, dass d'Assurance bezillt, et keen Sënn mecht en Drama ze maachen. Eng Entschëllegung fir de Virfall kennt him dobäi absolut net an den Sënn, dofir awer eng ganz Rei subtil Erschüchterungsversich di d’Opfer vun enger Plainte wuel ofhale soll. Dem Robert geet dat ze weit, an seet him säin volle Numm fir dass weistens de Polizist wees wien sech um Büro wert mellen. Als weideren Erschüchterungsversuch gräift de Polizist no sengem Handy an rifft wuel um Policebüro un fir dunn ze soen „Här Schommer, dir wunnt jo um Findel, de Policebüro an der Staat ass dann fir Iech deen nootsten“. Op d’Fro hin op hien am Déngscht ass, dass en di Daten iwwert en Handy am Bësch nofreet, seet en jo. Säin Dengschtausweis refuséierten allerdéngs ze weisen an gett sech domadder och weiderhin net vollstänneg z’erkennen. Hien mecht sech an di aner Richtung weider an dei en wirdrun gelaaf ass an seet e wäert e Bericht iwwert den Virfall schreiwen.
Den Robert aus dësem Bericht, jo dat sinn ech, de Robert Schommer, deen Robert Schommer deen schonn mat villen gudden Polizisten zu Lëtzebuerg um Tour war fir Tële-Reportagen ze maachen an och eng zeg mol beim Training vun der Hondsstaffel dobäi war. Bei dësen Trainingen waren vill Saachen di mir net gepasst hunn, vrun allem d’Aggressivitéit vun deenen Hënn, di öfters, fir mäin Verständnis, e.a. vill ze laang agespaart sinn. Ech hunn deemools di Saachen bewosst aus den Reportagen gelooss, well ech un der Wichtegkeet vun der Aarbecht vun der Hondsstaffel net gezweiwelt hunn. Elo hunn ech definitiv meng Zweiwel op ausser fir Drogen an Sprengstoff Polizisten Schutzdéngschthënn sollen hunn.
Wann ech gewosst hätt dass deen schwaarzen Hond e Polizeihond wier, dann hätt ech mech net getraut dertëscht ze goen. Hätt ech dat net gemeet, dann wier d’Judy elo schwéier verletzt wann net souguer doud, dovunner sinn ech iwwerzeegt. Op d’Fro vun der Virbildfonktioun vun engem Polizist an sengem Policehond ass de Bekloten a kenger Form agaangen. En huet just ëmmer nees, wéi astudéiert gesot, dass hien dat dierf an d’Assurance vun der Police e Schued iwwerhëlt. 1tens Wat schaisst mech eng Assurance wann mäin Hond Schmerzen huet oder souguer Doud ass! 2tens Wie reagéiert d’Assurance op esou Fäll? Ganz einfach mat erhéijen vun den Cotisatiounen. Cotisatiounen di letztendlech de Steierzueler muss bezuelen! 3tens Ass dat eng akzeptabel Situiatioun, dass een Angscht vrun aggressiven Polizeihënn am Bësch muss hunn, während begoen vun dësem en verankert Grondrecht ass?
An der ganzer Situatioun hätt ech mer eng einfach an éierlech Entschëllegung vun deem Polizist erwaart deen d'Liewen vun mir an mengem Hond op d'Spill gesat huet. Ech hätt mer gewënscht en hätt net den "ech dierf alles well ech Polizist" gespillt an seng 2 Hënn un d'Lenkt geholl sou wéi mer et gefrot hunn.
Di äusserst provokativ Reaktioun vum Polizist huet mech och op folgend Iwwerleeung bruecht: Wann ech keng Plainte maachen, an deen Hond muer oder iwwermuer e Kand am Bësch ugräift, dann hëlt de Riichter bei engem Prozess un, dass et en trauregen éischten Eenzelfall an der Karriär vun deem Hondsmeeschter war. Di nächst Fro ass, muss et sou aggressiv Deieren ginn? Mussen Hënn esou aggressiv gemeet ginn? De "normalen" Bierger muss fir Kampfhënn eng Schulung mat sengem Hond maachen. Dobäi sinn dës meeschtens net aggressiv (vrun allem am Verglach zum Polizeihond) an trotzdem dierf een déi net lafe loossen. Ass dat Gesetz net aus engem gudde Grond geschaaf ginn? An wie engem Joerhonnert liewe mer?
Robert Schommer
IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS zu diesem Thema UND zu jedem anderen


