27.12.2011 / LESERFORUM/ An der Seite Frankreichs !

Vëlkermord un den Armenier: kee Verständnis!

Dank virbildlecher politescher, rechtsstaatlecher a moralescher Vernonft, ass Frankräich säit dem 22. Dezember 2011 ëm e weidert Gesetz méi räich, e Gesetz, wat de Rechtsstat verdeedegt, schützt an opwäert. Gläichzäiteg ass et eng weider positiv Initiativ vum demokratesche Westen, fir sech als Bollwierk géint historesch Verbriechen vis-à-vis vun deene Länner ze wieren, déi bis haut keng Entwécklung an eng Demokratie gewot hunn oder Verbriechen a Leed aus reng politesche Muëchtinteressen bewosst verkennen.

D’Gesetz wat déi franséisch „Assemblée nationale“ gestëmmt huet, stellt dat bewosst Mëssuechten, Mësskennen a Mësswëssen vum Vëlkermord un den Armenier am Joer 1915, also zu Zäiten vum éischte Weltkrich ënner Strof, eng Dot, fir déi bis haut kee Verständnis a keng Unerkennung, geschweige vun Opaarbecht säitens der Tierkei stattfënnt. Och d’europäesch Mënscherechtskommissioun stellt fir den tierkesche Bäitrëtt an d’EU als eng vun hiren Fuerderungen, sou wéi se an de Beschlëss vun 1987 an 2001 festgeschriwwen sinn, dëst als eng vun hire Viraussetzungen.

Das Gesetz ist der Freund des Schwachen“ sot de bekannte Friedrich Schiller, wuelwëssend, dat an der Vergaangenheet an haut wéi och muer, et eng Viraussetzung fir all gesond Demokratie ass, kee Nährbuedem fir Gewaltmonopoler ze bidden.

Joe Thein

IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS Zu diesem Thema UND zu jedem anderen

News

News Archiv

CPE est une société de crédit proposant des solutions sur mesure aux résidants luxembourgeois. Pour toutes vos questions ou simulations de crédit, vous pouvez nous contacter via le numéro gratuit 8002 5900